Judd mat Gaardebounen
a Speckgromperen

Préparation :
--
Cuisson :
--
Auteur :
Lëtzebuerger Kascht – modern opgedëscht
Ingrédients pour
4-6 personnes
- 1,5 kg Judd (collet porc fumé)
- 2 Glieser Gaardebounen
- 1 klenge Strauss frëscht Bounekraitchen (sariette)
- 200 g Miel
- 200 g Botter
- 2 Lorberblieder
|
- 1 Bouquet garni (Porrett, Muerten, Staangenzelleri an Ënn)
- 1/8 Liter Rahm
- 1 kg Gromperen
- 300 g fette Speck
- 1 klenge Strauss Péiterséileg
- 2 Eegiel
|
Préparation
- De Judd mam Bouquet garni a mam Lorberblat an engem Dëppe mat Waasser opsetzen. Salz brauche mir keent derbäizeginn. Bei klengem Feier 1 Stonn kache loossen.
- D’Gaardebounen ofschëdden an de Jus onbedéngt versuergen. De Jus maache mir duerno an d’Zooss fir bei d’Bounen.
- De Botter an enger klenger Kasseroll op klengem Feier schmëlze loossen an d’Miel derbäiginn. Dëst gutt vermëschen an op ganz klengem Feier zu engem Roux brun goe loossen.
- De fäerdege Roux brun vum Feier huelen a mam Jus vun de Gaardeboune vermëschen an dat Ganzt nees lues um klenge Feier opkachen. Wann d’Zooss ze déck gëtt, einfach e bësse vun deem Waasser, an deem mer de Judd gekacht hunn, draréieren.
- Eist frëscht Bounekraitchen an d’Zooss ginn.
- D’Gaardebounen an d’Zooss ginn a mat Salz a Peffer wierzen.
- Um Enn e gudde Schotz Rahm drënnerréieren.
- D’Grompere schielen, wäschen an am Salzwaasser kachen.
- An der Tëschenzäit de fette Speck an eng kleng Brunoise (kleng Wierfelen) schneiden an se dann an enger Pan zu Gréiwen ausbaken.
- D’Gromperen ofschëdden a püréieren. Mat Salz, Peffer a Muskotnoss wierzen an um Enn déi zwee Eegiel derbäiginn.
- De Péiterséileg wäschen, ganz reng haken an e mat de Speckgréiwen ënnert de Purée mëschen.
- De Judd, d’Gaardebounen an de Purée op eng flott Manéier dresséieren.